#2 Réimech

Show notes

Laang Zäit ënnert der Leedung vun der DP an der CSV, sinn 2005 mam Henri Kox als Schäffen an 2009 mat him als Buergermeeschter eng éischte Kéier déi gréng mat der CSV als Koalitiounspartner un d'Muecht komm. Bei de Gemengerotswalen 2017 hunn déi gréng zwee Sëtz verluer an den Henri Kox gouf Véiertgewielten. Säitdeem ass d'DP-CSV-Koalitioun zréck mam Jacques Sitz (DP) als Buergermeeschter. Ob hien déi Projeten, déi en an de leschte Joren ugestouss huet, wäert kënne finaliséieren, entscheeden um Walsonndeg d'Awunnerinne vu Réimech. Mir huelen dech mat an d'Jugendhaus, op d'Petanquespist, bei d'Geschäftsleit an an d'Gemeng, fir erauszefannen, wat d'Suergen an d'Wënsch vun de Leit zu Réimech fir déi ustoend Gemengewale sinn – a wéi eng Pläng d'Lokalpolitikerinne fir d'Zukunft vun hirer Stad hunn.

Audioquellen: RTL - De Journal (08.01.2018) https://play.rtl.lu/shows/lb/journal/episodes/r/3112349 100,7 - Héichwaasserschutz zu Lëtzebuerg (12.02.2020) https://www.100komma7.lu/podcast/287121 100,7 - Jacques Sitz: "Mir brauchen Héichwaasserschutz" (21.12.2019) https://www.100komma7.lu/audio/105492

Dëse Podcast gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo hei däin Abo: https://journal.lu/de/products

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.