All episodes

#8 Stad Lëtzebuerg

#8 Stad Lëtzebuerg

32m 46s

Schueberfouer, dining out and open-air concerts. In this episode, Teodor Georgiev takes you on a summer trip through Luxembourg City. Between two roller coaster rides, he sits down with Laurent Schwaller, who turned his love for the funfair into a job for the state, and bumps into Marc Ruppert (Fokus) whose grandmother used to own the Kugener restaurant. Down the grund, he has a conversation with François Dickes, owner of Vins Fins, who showcases how key dining out is during summertime, before heading to Den Atelier, where its managing partner, Michel Welter, gives him a dip into Luxembourgish nightlife.

When...

#7 Déifferdeng

#7 Déifferdeng

32m 20s

Déifferdeng ass eng Stad mat dausend Gesiichter – bal 30.000, fir genau ze sinn. Fir vill vun hinne geet et am Summer Richtung Ausland, bei d'Famill oder an den Hotel, an am Zentrum gëtt et virun allem am August relativ roueg. Eng Plaz, wou awer ëmmer eng lass ass, ass de Minettpark Fond-de-Gras. Wärend den Train1900 an d'Minièresbunn bei Jonk an Al fir Begeeschterung suergen (zanter Kuerzem kann ee jo souguer an engem vun den ale Waggonë schlofen), zéien déi vill verschidde Festivals all Joer Leit aus Lëtzebuerg, mee och dem Ausland un. De Blues Express, d'Anno 1900 Steampunk Convention, Kiwany's History...

#6 Jonglënster

#6 Jonglënster

32m 58s

De Summer verbanne vill Lëtzebuerger*inne mat Vakanzenaktivitéiten. Zu Jonglënster ass dat zanter 2009 d'Kannerspillstad Mini-Lënster, an der de Fonctionnement vun enger richteger Gemeng vun de Kanner nogestallt gëtt. Et ginn Dokteschpraxissen, eng Post, e Policebüro, eng Zeitung, jee alles, wat eng Gemeng esou brauch. Et gi souguer Walen ofgehalen, an deenen eng Buergermeeschtesch oder e Buergermeeschter mat engem Schäff*innerot gewielt gëtt. De Mich Weber war selwer eng Kéier Buergermeeschter vu Mini-Lënster a war dëst Joer déi éischt Kéier mat an déi richteg Gemengewalen.

Mat him, esou wéi mat anere Politiker*inne vu Jonglënster, schwätzt d'Melody Hansen doriwwer, wat Jonglënster sech vu...

#5 Veianen

#5 Veianen

30m 22s

Pour lancer cette deuxième saison, Camille Frati vous emmène à Vianden, une commune connue à l'échelle européenne voire mondiale. Mais le serait-elle sans son château ? Probablement pas. L'été, c'est lui qui attire des milliers de touristes du Grand-Duché. Depuis le télésiège qui offre une vue grandiose sur la vallée, le long du musée Victor Hugo et en pleine fête médiévale, elle a parlé avec habitant·es et touristes de passage.

Néanmoins, Vianden est aussi un village qui ne veut pas vivre seulement pour le tourisme. Avec 2.000 habitants, ses besoins sont ceux de toute autre commune : école, maison-relais, centre médical…...

De Gemengepodcast - Trailer Staffel 2

De Gemengepodcast - Trailer Staffel 2

1m 0s

De Gemengepodcast ass endlech zréck!

An der zweeter Staffel dréint sech alles ëm de Summer an denger Gemeng. Wou kann ee sech u waarmen Deeg am beschten ofkillen oder am Congé de Kapp fräikréien? A wat beschäftegt Lokalpolitiker*innen iwwert de Summer? D'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal waren nees am Norden, am Süden, am Osten an am Zentrum ënnerwee.

Hues du deng Gemeng am Teaser erëm erkannt? Da so et der ganzer Noperschaft! En Donneschden, den 31. August geet et lass.

Dëse Podcast gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft...

#4 Lëntgen

#4 Lëntgen

30m 46s

Lëntgen ass wuel dat perfekt Beispill vun enger Gemeng, déi lues awer sécher – zesumme mam ganze Land – wiisst. Seng ronn 3.400 Awunner*inne ginn net ganz duer, fir et "grouss" ze nennen, ma "ganz kleng" ass et och net méi sou wierklech – zumindest politesch. Dësen 11. Juni gëtt nämlech hei fir d'éischte Kéier am Proporzsystem gewielt. Fir vill Leit war den Henry Würth, deen 30 Joer un der Spëtzt vun der Gemeng stoung, eng Konstant. Ma mam Wiessel an de Proporzsystem huet hien decidéiert : Et geet him duer. Mir kucke mat him op e Liewe Lokalpolitik zeréck,...

#3 Ettelbréck

#3 Ettelbréck

24m 26s

Zanter 1957 gëtt d'Gemeng Ettelbréck vun CSV-Buergermeeschteren dirigéiert. Nom Léon Mischo, Eugène Simon, Ed Juncker a Pierre Kraus ass et säit 20 Joer de Jean-Paul Schaaf (CSV), deen d'Rudder vun der Gemeng am Grapp huet. Och dëst Joer ass de 57-järegen nees Spëtzekandidat vu senger Partei a wënscht sech, wéinstens an der politescher Majoritéit ze bleiwen. Säi wuel gréisste Konkurrent wäert den 11. Juni den 1. Schäffe Bob Steichen (LSAP) sinn, dee bei de leschte Gemengewalen 2017 stëmmtechnesch just knapp hannert dem Jean-Paul Schaaf louch. Ob d'Koalitioun CSV-LSAP och déi nächst Jore wäert bestoe bleiwen, oder et un der politescher...

#2 Réimech

#2 Réimech

24m 17s

Laang Zäit ënnert der Leedung vun der DP an der CSV, sinn 2005 mam Henri Kox als Schäffen an 2009 mat him als Buergermeeschter eng éischte Kéier déi gréng mat der CSV als Koalitiounspartner un d'Muecht komm. Bei de Gemengerotswalen 2017 hunn déi gréng zwee Sëtz verluer an den Henri Kox gouf Véiertgewielten. Säitdeem ass d'DP-CSV-Koalitioun zréck mam Jacques Sitz (DP) als Buergermeeschter. Ob hien déi Projeten, déi en an de leschte Joren ugestouss huet, wäert kënne finaliséieren, entscheeden um Walsonndeg d'Awunner*inne vu Réimech. Mir huelen dech mat an d'Jugendhaus, op d'Petanquespist, bei d'Geschäftsleit an an d'Gemeng, fir erauszefannen, wat...

#1 Esch

#1 Esch

31m 38s

Pour cet épisode sur les élections communales, Audrey Somnard vous emmène dans sa commune d'adoption depuis plus de 15 ans maintenant. Esch-sur-Alzette était aux mains de la gauche et en particulier des socialistes depuis toujours, une triple coalition CSV-DP-Déi Greng a renversé l'ordre établi il y a six ans lors des dernières élections communales. Le bourgmestre Georges Mischo doit défendre son premier bilan dans une commune qui accumule les difficultés. Les Eschois·es vont-ils·elles lui renouveler leur confiance? Nous sommes allés au marché, à la mairie, au match de foot de la Jeunesse un beau dimanche après-midi, pour donner la parole...

De Gemengepodcast - Trailer Staffel 1

De Gemengepodcast - Trailer Staffel 1

1m 19s

Vu Sëll an d'Stad a vu Schëffleng op Kiischpelt, d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal huelen dech mat op eng Rees duerch déi 102 Gemengen am Land. An der éischter Staffel stinn d'Gemengewalen, den 11. Juni, am Fokus. Mir hunn all Walbezierk vum Grand-Duché besicht an hunn do mat Awunner*innen a lokale Politikerinne geschwat. D'Episode sinn an ënnerschiddleche Sproochen.