#3 Ettelbréck

Show notes

Zanter 1957 gëtt d'Gemeng Ettelbréck vun CSV-Buergermeeschteren dirigéiert. Nom Léon Mischo, Eugène Simon, Ed Juncker a Pierre Kraus ass et säit 20 Joer de Jean-Paul Schaaf (CSV), deen d'Rudder vun der Gemeng am Grapp huet. Och dëst Joer ass de 57-järegen nees Spëtzekandidat vu senger Partei a wënscht sech, wéinstens an der politescher Majoritéit ze bleiwen. Säi wuel gréisste Konkurrent wäert den 11. Juni den 1. Schäffe Bob Steichen (LSAP) sinn, dee bei de leschte Gemengewalen 2017 stëmmtechnesch just knapp hannert dem Jean-Paul Schaaf louch. Ob d'Koalitioun CSV-LSAP och déi nächst Jore wäert bestoe bleiwen, oder et un der politescher Spëtzt vun Ettelbréck wäert e Wiessel ginn, dat steet eréischt Enn der Woch fest. Mir hunn awer elo schonn nogehaakt, wat déi Jonk aus dem Hariko an der Nordstadjugend sech nach alles fir hir Gemeng wënschen, wéi et em déi kapverdianesch Communautéit zu Ettelbréck steet a wat d'Ettelbrécker Geschäftsleit a Passant*innen an der Foussgängerzon zu hirer aktueller Politik ze soen hunn.

Dëse Podcast gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo hei däin Abo: https://journal.lu/de/products

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.