De Gemengepodcast - Trailer Staffel 2

Show notes

De Gemengepodcast ass endlech zréck!

An der zweeter Staffel dréint sech alles ëm de Summer an denger Gemeng. Wou kann ee sech u waarmen Deeg am beschten ofkillen oder am Congé de Kapp fräikréien? A wat beschäftegt Lokalpolitikerinnen iwwert de Summer? D'Journalistinne vum Lëtzebuerger Journal waren nees am Norden, am Süden, am Osten an am Zentrum ënnerwee.

Hues du deng Gemeng am Teaser erëm erkannt? Da so et der ganzer Noperschaft! En Donneschden, den 31. August geet et lass.

Dëse Podcast gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo hei däin Abo: https://journal.lu/de/products

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.