#6 Jonglënster

Show notes

De Summer verbanne vill Lëtzebuergerinne mat Vakanzenaktivitéiten. Zu Jonglënster ass dat zanter 2009 d'Kannerspillstad Mini-Lënster, an der de Fonctionnement vun enger richteger Gemeng vun de Kanner nogestallt gëtt. Et ginn Dokteschpraxissen, eng Post, e Policebüro, eng Zeitung, jee alles, wat eng Gemeng esou brauch. Et gi souguer Walen ofgehalen, an deenen eng Buergermeeschtesch oder e Buergermeeschter mat engem Schäffinnerot gewielt gëtt. De Mich Weber war selwer eng Kéier Buergermeeschter vu Mini-Lënster a war dëst Joer déi éischt Kéier mat an déi richteg Gemengewalen.

Mat him, esou wéi mat anere Politiker*inne vu Jonglënster, schwätzt d'Melody Hansen doriwwer, wat Jonglënster sech vu Mini-Lënster kann ofkucken, wéi eng Erausfuerderungen de schnelle Wuesstem vun der Gemeng mat sech bréngt a wéi d'Multikulturalitéit vun der International School sech och an der Gemeng ëmmer méi erëmfënnt.

Dëse Podcast gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo hei däin Abo: https://journal.lu/de/products

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.